Mir geheieren zur FNEL dei ass dei laïzistesch Scoutsorganisatioun vu Lëtzebuerg.
Mir sin op fir jiddereen
Solidaritéit, Toleranz an Demokratie si Wärter zu deene mir stinn.
Frendschaft, Spill a Spaass, an Benevolat si Begreffer déi ontrennbar vum Scoutissem sinn.
Eis Zill ass, dat di jonk Leit hir eegen Entwécklung selwer an d’Hand huelen fir dat si selbstänneg, responsabel an engagéiert Biirger ginn.
Mir baséieren ons op d’Scoutsmethod : dem Learning by doing, engem progressiven an dem Alter ugepasste Programm deen sech virun allem an der Natur ofspillt, an am Zesummeliewen a klengen Equipen.
Zur Scoutsmethod, no den Iddiën vum Robert Baden-Powell, gehéiert och d’Scoutsverspriechen an d’Scoutsgesetz. De Scout engagéiert sech fräiwelleg fir d’Wäerter an Ziiler vum Scoutissem. Säi « Gesetz » ass keen Zwank, ma weist him d’Ziiler déi mir ustriewen.
Den Baden-Powell huet dat Wichtegst vum Scoutissem esou charakteriséiert :
« But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it ».
HOGA Scouten a Guiden
rue de la Semois 4
L-2533 Lëtzebuerg
Tel: +352 45 60 56
Fax: +352 40 26 65
E-Mail
Eis Versammlungen sin Samsdes vun 14:00 bis 16:00 Auer
You are here:
FNEL
